Déi fix Käschte vun engem Hausbesuch setzen sech zesummen aus der Consultatioun an den Déplacementskäschten.

De Praïs vun der Consultatioun variéiert tëschent 50 a 100 Euro, jee nodeem, ob et sech ëm eng Kontroll, eng normal Consultatioun am Krankheetsfall/fir eng Impfung oder eng alleréischt Visite mam Ophuele vun allen Donneeën an dem Déier senger Krankegeschicht handelt.
D‘Déplacementskäschte gi pro Hausbesuch (an net pro Déier) verrechent a ginn no enger Km-Pauschal gerechent. Dir kënnt de Präis vum Déplacement (TTC) fir Ären Hausbesuch nokucken, andeems Der hei den Numm vun Ärer Localitéit agitt.

Ech fuehren iwerall hin a ganz Lëtzebuerg an och grenzno an Däitschland. Wann Dir Är Uertschaft net hei an der Lëscht fannt, da kontaktéiert mech w.e.g. fir d’Käschten vum Déplacement gewuehr ze ginn.

D’Consultatioun, all weider Behandlungen, Medikamenter oder Fuddermëttele ginn zousätzlech verrechent.

Eng Visite um Weekend kascht een Supplément.

Fir Behandlungen ënner Narkos a fir all chirurgeschen Agrëff kann ech Iech am Viraus en Devis rechnen.
Wann Der nach weider Froën hutt, zéckt net, mech iwwer Telefon oder E-Mail ze kontaktéieren.

By continuing to use the site, you agree to the use of cookies. more information

The cookie settings on this website are set to "allow cookies" to give you the best browsing experience possible. If you continue to use this website without changing your cookie settings or you click "Accept" below then you are consenting to this.

Close