Virdeeler vum Hausbesuch :

Méi praktesch: Dir musst Iech net déplacéieren an Dir verléiert keng Zäit ënnerwee am Auto oder beim Waarden an der Salle d’attente.

Manner Stress: Déi meescht Déieren (virun allem d’Kazen) reesen net gär am Auto. Den Transport an d‘Visite an der Praxis mat hirem frieme Geroch an de meeschtens onangenehmen Erënnerunge si fir si dacks stresseg.

Manner Logistik : Wann Der keen Auto, méi Déieren oder e groussen a schwéieren Hond hutt, ass den Transport bei de Veterinär net ëmmer einfach.

Manner Infektiounsrisiko : Fir jonk Déieren, virun allem déi, déi hir éischt Impfungen nach net ofgeschloss hunn, ass de Risiko vun enger Infektioun doheem méi kleng wéi am Wartezëmmer mat anere kranken Déieren.

D‘Ënnersichung vun Ärem Déier a sengem Doheem, erlaabt et meeschtens d ‘Gravitéit vum Krankheetszoustand méi reell anzeschätzen. D‘Déier fillt sech do sécher an et weist d‘Symptomer dacks méi däitlech, well et net duerch den Transport an dat klinescht Ëmfeld vun der Praxis ënner Adrenalin steet…

Eng Verhalens- an déierepsychologesch Berodung ass méi einfach, wann een sech e Bild vum Déier “op senger Mëscht“ an am Ëmgang mat der Famill maache kann.

By continuing to use the site, you agree to the use of cookies. more information

The cookie settings on this website are set to "allow cookies" to give you the best browsing experience possible. If you continue to use this website without changing your cookie settings or you click "Accept" below then you are consenting to this.

Close