Opgrond vun der aktueller COVID-19 Situatioun kënnen RDV’er nëmmen iwer Telefon oder Email fixéiert ginn, NËT IWERT DEN ONLINEKALENNER !
Hausbesuch iwwerall a ganz Lëtzebuerg an och grenzno an Däitschland.
Hausbesuch nëmmen op Rendez-vous : TARIF
Fir e Rendez-vous auszemaachen, kënnt Der mech kontaktéieren:
– iwwer Telefon: 621 570 472
– iwwer E-Mail: info@vet-mobil.lu
– iwwert den Online-Kalenner (aus organisatoresche Grënn kënne just d’Clienten aus de folgende Gemengen hire Rendez-vous iwwert den Online-Kalenner buchen: Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bech, Beefort, Bettenduerf, Betzder, Biwer, Fëschbech, Fiels, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Hiefenech, Iechternach, Jonglënster, Konsdref, Lëntgen, Luerenzweiler, Mäertert, Manternach, Miersch, Nidderaanwen, Noumer, Reisduerf, Rouspert-Mompech, Steesel, Waldbëlleg, Walfer, Wuermer).
Fir all aner Gemengen : Kontaktéiert mech w.e.g. iwwer Telefon oder E-Mail.
Merci fir Äert Versteesdemech.
Wichteg : Den Online-Kalenner hëlt kee Rendez-vous méi un, dee manner wéi 24 Stonnen am Viraus ass, well ech brauch déi Zäit, fir mäin Tour z’organiséieren.
ROUT : All d’Convenance-RDVer vun dësem Dag sinn besaat
GRO : Reservéiert RDVer
WÄISS : Fräi RDVer