Säit Januar 2019 : De ” VET-Mobil “
De VET-Mobil ass eng Veterinärspraxis op Rieder, extra entwéckelt fir Konsultatiounen, Narkosen an Chirurgien, am Kader vun enger Hausvisite, auszeféieren.
D’Ziel ass, d’ Veterinärssoin’en fir d’Déier esou stressfräi wéi méiglech ze machen : keng Transportkëscht, keng Rees am Auto, keen Openthalt am Wartezëmmer oder an engem Käfeg no der Operatioun.
Egal ob Konsultatioun, Impfung, Détartrage oder eng Operatioun, ech machen Hausbesich a ganz Lëtzebuerg.
Déi meescht Veterinärsakten ( Konsultatioun, Impfung, Bluttanalyse, Ultraschall, etc …) kënne bäi Iech am Haus gemaach ginn, do wou d’Déier sech am wuelste fillt. Fir Agrëffer ënner Narkose ( wéi Détartrage oder Operatiounen ) steet déi mobil Praxis direkt virun Ärer Hausdier.